Doppelspill-Weekend fiir den VCL

Den éischten doubele Weekend steet virun der Dir fir d'Equipe vun an ëm de Van Elslande Laurent. Et sinn Matcher wou eventuell eppes dra wier fir de VCL an der Tabell e puer Zieleren op hier Säit ze kréien. Et wäerte keng einfach Matcher gi mee eis Equipe wäert hiert bescht gi fir aus deene Matcher esou vill wei méiglech erauszehuelen.
Déi 2 Matcher ëm déi et sech handelt sinn:
Den Freiden den Owend zu Lorentzweiler um 20:30h géint de Volley Bertrange déi dës Saison och vill un neie Spiller kruten. Op hirer Säit gouf et Verstäerkung duerch een neie Passeur an duerch een neien Diagonal deem säin Numm hei am Land net onbekannt ass de Majchrak Maciek.
Den Sonden den Owend zu Diekirch um 20:00h géint de CHEV Diekirch déi an dëser Saison bis elo gutt ofgeschnidden hunn an nach net méi wei ee Match verluer hunn. De CHEV Diekirch déi sech dees Saison gewalteg verstäerkt hunn duerch Spiller aus dem Ausland. D'Equipe vum VCL muss sech do op ee schwéiere Match gefaasst maachen an all Mutt a spillerescht Können zu beweis stelle fir an dësem Match eppes ze huelen